Kontakt

Häerzlech Wëllkomm

Häerzlech Wëllkomm op der Websäit vun der Praxis Dr. Kristina Streubel – Är Zänndokteren zu Kanech, Lëtzebuerg.

Mir gesinn eis als Familljepraxis a betreien all Altersgruppen – vum Bëbee bis de Senior. An eisem breet gefächerte Leeschtungsspektrum bidde mir Iech all Deelberäicher vun der Zännmedezin aus enger Hand. Eis Zänndokteschen an Zänndokteren hu sech jeeweils op ënnerschiddlech Fachberäicher spezialiséiert, soudass Dir an all Disziplin vun der Odontologie bei eis gutt opgehuewe sidd.

Dr. Kristina Streubel

All eenzele vun eisen erfuerenen Zänndokteren huet eng besonnesch Spezialisatioun an ënnerschiddlech Leeschtungsschwéierpunkten. Sou huet beispillsweis d'Dr. Kristina Streubel jee ee Master of Science-Ofschloss an de Beräicher Kieferorthopädie souwéi Oral Chirurgie an Implantologie. Dank dëse breet gefächerte Kompetenze kënne mir Iech op all Gebitt vun der Zännmedezin Behandlungen op héijem Niveau ubidden:

  • Preventioun & Erhale vun den Zänn
  • Implantologie, Oral Chirurgie & Zännersatz
  • Orthodontie, Kieferorthopädie & Ästhetik

Fir Iech als eis Patiente ganzheetlech a méiglechst optimal behandelen ze kënnen, wëlle mir Iech fir d'éischt kenne léieren. Dowéinst sti bei Ärem éischte Rendez-vous niewent der Ënnersichung d'Besprieche vun Äre Wënsch a Virstellungen am Virdergrond. Eist Zil si keng kuerzfristeg Léisungen, mä Är laangfristeg Mondgesondheet a Soinen zu Ärer vollsten Zefriddenheet.

Kontakt:

Dr. Kristina Streubel

10, Rue de Scheuerhof
5412 Canach

Tel.: +352-26-701-371
Fax: +352-26-701-372

E-Mail: info@dr-streubel.com

Consultatioun:

Mé, Dë: 8:00 – 19:00 Auer
Më, Do: 8:00 – 18:00 Auer
Fr: 8:00 – 17:00 Auer

Accès & Parken:

Dir fannt direkt virun der Praxis an an der Strooss gratis Parkplazen. Wann Dir mam Bus bei eis kommt, klammt am beschte beim Arrêt „Canach, Huehlgaass“ eraus (Linnen 140 a 150). Vun hei sinn et just ongeféier 300 Meter bis bei eis Praxis.